CD-Klassik
De Beethoven am Mëttelpunkt
14 min
"[...] welche Demüthigung wenn jemand neben mir stund und von weitem eine Flöte hörte und ich nichts hörte [...]". Ganz verzweifelt schreift de Ludwig van Beethoven a sengem "Heiligenstädter Testament" - engem Bréif u seng zwee Bridder Kaspar a Johann - iwwer d'Tatsaach, datt hien ëmmer manner héiert. Op Basis vun dësem Dokument huet de Brett Dean eng Kompositioun geschriwwen, déi de Staatsorchester vu Bayern elo mam Dirigent Vladimir Jurowski opgeholl huet. De Remy Franck huet an dëse fuschneien Album eragelauschtert.