Panorama
Panorama
11 min
1. Gutt annerhallef Woch no hiren Doud ass haut dat offiziellt Begriefnes vun der Queen Elizabeth II. Fir d'Trauerfeier ëm 12 Auer an der Westminster Abbey zu London gi sech Staatscheffen an Membere vu Kinneksfamillen erwaart
2. Optakt gëschter Owend vun den Tripartite-Verhandlungen: Mat enger Präisdeckelung fir Energie wëllt d'Regierung verhënneren, datt Leit a Betriber an d'Laberente geroden. De Premier huet dëst ee vun den Haaptvirschléi genannt. Net weiderkomm ass een iwwerdeems a Saachen Index
3. Et ass nach net sécher, datt den Joe Biden bei den nächste Walen nach emol wäert untrieden. An engem Televisiounsinterview huet den aktuellen amerikanesche President déi Fro opstoe gelooss. Hien hätt awer ëmmer gesot, dat hien nach eemol géing untrieden
4. Den Hurrikan Fiona huet op Puerto Rica grousse Schued ugeriicht. Zäitweis war d'Stroumversuergung komplett ënnerbrach, ganz Regioune goufen iwwerschwemmt
5. Spuenien ass Europameeschter am Basketball, an dat scho fir d'véierte Kéier, gëschter gouf et an der Finall eng 88 op 76 Victoire géint Frankräich
6. Cyclissem: Bei de Weltmeeschterschaften an Australien war gëschter d'Zäitfueren. Bei den Häre setzt sech den Norweger Tobias Foss duerch, bei den Damme gewënnt d'Ellen van Dijk aus Holland. Et ware keng FSCL Coureuren um Depart