CD-Klassik
Schlanke Schumann
12 min
Ob Johannes Brahms oder Robert Schumann - nom Ludwig van Beethoven war et net einfach, nach Symphonien ze schreiwen. Béid Komponisten hu mat véier Wierker hire Beitrag zum Genre geleescht. Grad de Robert Schumann gëtt dobäi als typesche Romantiker consideréiert, e Kënschtler, deen all eis gängeg Klischeeën - mat sengem Liewen a Wierk - erfëllt. Wäit ewech vun alle Klischeeën ass allerdéngs déi nei Intégrale vun de Symphonië mat de Münchner Philharmoniker ënner dem Pablo Heras-Casado, fënnt de Remy Franck.