Klassik aktuell
Diddelenger Organist spillt mam LSO
6 min
En Diddelenger Organist trëtt mam weltbekannte London Symphony Orchestra ënner der Direktioun vum Simon Rattle op. Den Alessandro Urbano sëtzt haut den Owend (20.09.) nämlech um Spilldësch vun der Uergel an der Philharmonie, wann den LSO dem Gustav Mahler seng 2. Sinfonie interpretéiert.
Wéi koum et zu dëser Zesummenaarbecht? Wéi fillt ee sech kuerz virun esou engem Optrëtt? Froen, déi de Luc Boentges dem Organist gestallt huet.