arrow_back_ios
CD-Klassik
Die Weihe des Hauses
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Den 3. Oktober 1822 geet zu Wien den Theater in der Josefstadt no Renovatiounsaarbechten nei op. Fir déi festlech Ouverture krut de Ludwig van Beethoven d'Commande fir eng Bünemusek, an där hie sech selwer zitéiert, mat Deeler aus der Schauspillmusek "Die Ruinen von Athen". Déi nei Bünemusek krut den Titel "Die Weihe des Hauses", vun där haut meeschtens just d'Ouverture gespillt gëtt. D'Filharmonie Brno huet elo e Live-Matschnëtt vun der integraler Bünemusek erausbruecht.