Panorama
Panorama
1. Mat engem Finanzpak vun enger Milliard Euro wëllt d'Regierung de Betriber an de Bierger entgéint kommen. Op der drëtter Tripartite-Ronn goufe sech d'Sozialpartner am Prinzip eens fir d'Gaspräisser ze deckelen an de Stroumpräis anzefréieren. De Mazout gëtt ëm 15 Prozent méi bëlleg an d'TVA op verschiddene Kategorië geet erof, den Indexsystem bleift erhalen
2. De Pierre Gramegna huet seng Kandidatur fir de Poste vum Generaldirekter vum Europäesche Stabilitéits-Mechanismus zeréckgezunn, d'Decisioun ass en commun Accord mat Portugal gefall
3. De Chômagetaux hei am Land bleift stabel bei 4,8 Prozent, iwwer ee Joer gekuckt ass d'Zuel vun de Leit, déi op der sich no enger Aarbecht sinn, souguer ëm 2.000 erofgaangen.
4. Moskau preparéiert d'urgence Referenden an den occupéierten ukraineschen Territoiren. Et soll vum 23. bis de 27. September iwwer eng Annexioun ofgestëmmt ginn. D'USA hu kloer gemaach, datt dëst géint international Recht verstéisst an nimools géif acceptéiert ginn
5. Mat engem weideren Zënsschrëtt dierft déi amerikanesch Zentralbank FED haut weider probéieren d'Inflatioun anzebremsen. Erwaart gëtt sech eng Hausse vun 0,75 Prozentpunkten
6. Een Amerikaner an zwee Russe wäerten de Mëtteg vu Baikonur aus op déi international Weltraumstatioun ISS fléien. Et ass déi éischt gemeinsam Missioun zanter dem Optakt vum Ukrain-Krich