CD-Klassik
"Une musicienne extraordinaire, compositeur de talent"
15 min
"Une musicienne extraordinaire, compositeur de talent", esou huet den Darius Milhaud d'Odette Gartenlaub gelueft, déi Studentin a senger Kompositiounsklass war. D'Odette Gartenlaub war eng brillant Musekerin mat vill Facetten: Komponistin, Pianistin, an als Pedagogin huet si och wesentlech de franséische Museksunterrecht beaflosst. Den 13. Mäerz waren et 100 Joer hier, datt d'Odette Gartenlaub zu Paräis op d'Welt koum. Ronderëm dëse Centenaire gëtt et - nieft eng ganzer Rëtsch Concerten - och een neien Disk mat hirer Musek.