Panorama
Panorama
10 min
1. A Russland ginn d'Efforte fir weider Zaldote fir de Krich an der Ukrain ze rekrutéiere virun.
2. Zu Paräis gëtt d'nächst Woch iwwert déi ëmstridde Pensiounsreform vum President Emmanuel Macron diskutéiert, d'Oppositioun preparéiert schonn hire Widderstand.
3. Wéinst Menace géint de belsche Justizminister goufen an Holland dräi Persoune festgeholl.
4. Wéinst dem Hurrikan Fiona sinn a Kanada iwwer 500.000 Stéit ouni Stroum.
5. Zu Esch gëtt d'Sécherheetskonzept iwwerschafft, ënnert anerem sollen Iwwerwaachungskameraen agefouert ginn.