CD-Klassik
Wa Musek aus dem Schied erauskënnt
12 min
Dräi jonk Museker, déi duerch hir Passioun fir d'Kammermusek verbonne sinn - an dat schonn zanter bal 20 Joer. Rieds geet vum Trio Adorno. No enger ganzer Rëtsch Concerten an deene ville Joren huet de Public vum Ensemble elo d'Chance, eng CD vun hinnen an der Hand halen ze kënnen. Mat "Im Schatten" weist den Trio Adorno, datt och manner bekannte Wierker grandios klengen. D'Marie Schockmel huet déi nei Produktioun gelauschtert.