arrow_back_ios
CD-Klassik
Zäit erëmfannen, dank der Musek
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
"Le temps retrouvé" - dat ass net nëmmen en Deel vum Titel vum berühmte Buch vum Marcel Proust, mee och den Titel vun engem Disque mat Kammermusek vum César Franck, deen dëst Joer säin 200.Gebuertsdag gefeiert hätt. Den Eliot Quartett interpretéiert dem Komponist sai Sträichquartett mat enger konstanter Energie, an de Pianosquintett léist en zesumme mam Dmitry Ablogin deelweis bal wéi en Orchesterwierk klengen, fënnt d'Marie Schockmel.
Musek