CD-Klassik
Beat Bach
12 min
Wien ass dee Beschten? An der Zäit vun de grousse Virtuosen am 19. Joerhonnert hu sech ganz besonnesch Pianiste reegelméisseg ënnerenee gemooss. Concoursen tëschent groussen Tastekënschtler waren an den adelegen a biergerleche Salonen a Moud. Mee och am Barock gouf et Museker, déi ganz besonnesch ervirgestach hunn. De J.S. Bach huet sech zu Fouss op de Wee Richtung Lübeck gemaach, just fir den Dietrich Buxtehude eng Kéier live op der Uergel ze héieren. Ob de Bach selwer eng Kéier an esou e Concours verwéckelt war, doriwwer gëtt spekuléiert. De méiglecherweis fiktive Concours ass nach ewell den Theema vum Alexander von Heissen sengem neien Album "Beat Bach".