CD-Klassik
Perfekt fir Ufänger
11 min
"Wo gehest du hin": dës Fro séngt de Wolf Matthias Friedrich relativ am Ufank vum Album "Bach im Fluss". Dës Fro iwwerdréit sech zum Deel och op d'Nolauschteren. Gebuede kritt een nämlech eng Zesummestellung vu Sätz aus ganz verschiddene Wierker vum Johann Sebastian Bach. Laang steet dës Fro allerdéngs net am Raum, relativ séier ass een nämlech "am Floss" an et lauschtert een den Album, wéi wann dorop just ee Wierk wier, mengt de Luc Boentges.
Hien huet an dës Zesummestellung vum fréiere Programmchef vum Kultur-Radio DRS2 Arthur Godel an dem Dirigent Rudolf Lutz eragelauschtert.