CD-Klassik
Kammermusek aus Spuenien
10 min
De Conrado del Campo war an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert eng unerkannte Perséinlechkeet am spuenesche Museksliewen - als Initiateur vu musikalesche Projeten, als Pedagog a Komponist. Et ass allerdéngs vrun allem de Komponist Conrado del Campo, deen et schwéier hat, seng eege Wierker duerchzesetzen. Villes ass bis haut emol guer net publizéiert. Besonnesch an der Kammermusek huet den del Campo Meeschterwierker geschriwwen - ënner anerem 14 Sträichquartetter, vun deenen de Quatuor Diotima elo d'Nummeren 3 a 5 opgeholl huet.