arrow_back_ios
CD-Klassik
Um beschte Wee fir eng Referenzopnam
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
2028 ass den 200. Doudesdag vum Franz Schubert. Wann een also virhuet, dem Schubert seng 15 Sträichquartetter nei opzehuelen, da muss ee mat Zäiten u sinn. Deementspriechend huet den Alinde Quartett sech 2020 mat sengem Schubert-Projet opgemaach an een éischten Disk mat dräi Sträichquartetter erausbruecht. Elo ass den Disk Nummer 2 prett, an et däerf ee wäit virum Ofschloss vun dëser Intégrale scho behaapten, datt hei eng Referenz-Opnam entsteet.
Musek