CD-Klassik
Eng Interpretatioun voller Liewensfreed
10 min
De Bohuslav Martinů stoung dacks am Schied vun anere Komponisten. Genee esou ass et sengem zweeten Cellosconcerto ergaangen, deen net dacks opgeféiert oder opgeholl gouf, an deen och säi Komponist selwer zu Liefzäite ni héieren huet. De polneschen Cellist Bartosz Koziak huet elo e Schrëtt an déi aner Richtung gemaach, a genee dësen zweeten Cellosconcerto op CD erausbruecht. Nieft dësem Wierk spillt de polneschen Cellist och nach dem Martinů seng zweete Sonat fir Cello a Piano. Bei béide Wierker iwwerzeegen de Bartosz Koziak, de Janacek Philharmonic Ostrava, den Dirigent Petr Popelka an de Pianist Radoslaw Kurek mat vill Kraaft an Energie. D'Marie Schockmel huet an dës Sortie gelauschtert.