Panorama
Panorama
11 min
De russesche President huet de Krichszoustand an de véier annektéierte Regiounen an der Ukraine verhaangen. D'Ukraine soll iwwerdeems e Réckeruwerungs-Versuch an der vu Moskau besatener Regioun Cherson lancéiert hunn.
De présuméierten Täter vun der déidlecher Schéisserei e Méindeg zu Nidderkuer ass ugeklot wéinst Mord an an zweeter Linn och wéinst Doutschlag a Verstouss géint d'Waffegesetz, mellt de Parquet. Hie sëtzt den Ament an Untersuchungshaft.
Den Noutfallplang a Saache Gasversuergung steet.
An den Defizit bei der Gesondheetskees gëtt fir dëst Joer op ronn 55 Milliounen Euro geschat.