Panorama
Panorama
13 min
1. No nëmme sechs Méint am Amt huet déi brittesch Premierministerin Liz Truss hire Récktrëtt annoncéiert
2. Dat neit Covid-Gesetz gouf eestëmmeg ugeholl: d'Isolatiounsdauer geet vu siwen op véier Deeg erof an et gëtt kee Contact-Tracing méi gemaach
3. Santé-Rapport: 375 Neiinfektiounen an der Moyenne pro Dag, d'Tendenz no ënnen
4. Chômage bleift am September stabel bei 4,8 Prozent
5. Nei Präisser op der Pompel: Diesel an Heizungsmasutt gi vu muer un 5,3 Cent um Liter méi bëlleg
6. Landwirtschaftlech Fläche sollen fir Photovoltaik-Anlage genotzt ginn: e Méindeg gëtt en Appel d'Offres lancéiert
7. Neie Fënnef-Jores-Tourismusplang fir 2023 bis 2027 gesäit 70 Milliounen Euro vir
8. EU-Sommet zu Bréissel: d'Meenungen a Saache Präisdeckel um Gas leie bei de Staats- a Regierungscheffen nach wäit auserneen
9. EU huet nei Sanktioune géint den Iran decidéiert wéinst den iraneschen Dronen am Ukrain-Krich
10. 15 Joer al Schülerin am Iran vu Police dout geschloen
11. Paräis: schwéier Diskussiounen an der Assemblée Nationale am Debat ëm de Budgetsplang fir Sozialversécherungen