CD-Klassik
Staark sängeresch Leeschtungen
15 min
"Jetzt kann ich beruhigt sterben", soll den Giuseppe Verdi gesot hunn, wéi en dem Pietro Mascagni säin Eenakter "Cavalleria rusticana" gesinn hat. De grousse Meeschter vun der italieenescher Oper war iwwerzeegt, datt d'Relève do war - och stilistesch. De Mascagni huet eng Episod aus dem dagdeegleche Liewe vertount - allerdéngs eng ganz tragesch Episod, wou et ëm bluddeg Jalousie geet. De Riccardo Muti huet d'Wierk elo mam Chicago Symphony Orchestra nei opgeholl.