Das musikalische Pompeji
D'Renaissance vum Cembalo
8 min
1933 spillt d'Wanda Landowska fir d'éischt iwwerhaapt dem J.S. Bach seng "Goldberg-Variatiounen" integral um Cembalo. Et war eng vun de ville Pionéierleeschtungen, déi déi franséisch Musekerin mat polnesche Wuerzelen opzeweisen huet. D'Wanda Landowska huet mat grousser Leidenschaft fir hiert Instrument gekämpft: als Interpretin, als Enseignante an och a ville Publikatiounen. Mat de grousse Meeschtere vun der historescher Opféierungspraxis, déi sech an der Mëtt vum 20. Joerhonnert gewisen hunn, vergësst ee gären, datt et ënner anerem d'Wanda Landowska war, déi den Terrain scho laang preparéiert hat.