CD-Klassik
Premièren op Disk
14 min
Datt Däitschland iwwer Joerhonnerten e Puzzle vu groussen a klengen Herrschaften war, war politesch net ëmmer e Virdeel. Kulturell par contre huet grad dës sougenannt "Kleinstaaterei" et mat sech bruecht, datt Grofen, Fürsten an Handelsstied sech kulturell géigesäiteg wollten iwwertrompen. Esou kënnt et, datt d'Markgrafe vu Bayreuth sech een Operenhaus an och een Orchester geleescht hunn. Ee vun den Hofcompositeuren am 18. Joerhonnert war de Jakob Friedrich Kleinknecht, vun deem et elo Triosonaten als Première op Disk gëtt.