Klassik aktuell
Antwerp Requiem
12 min
Canto LX ass e Vokalensemble à géométrie variable, dee sech 2010 op Initiativ vum Institut européen de chant choral forméiert huet. Den Ensembel ass antëschent eng onofhängeg professionell Struktur, déi sech ënner der Direktioun vum Cembalist Frank Agsteribbe virun allem mat der Musek aus der Renaissance beschäftegt. Dat ënnersträicht och Diskographie vu Canto LX, deen elo - zesumme mam B'Rock Orchestra - een neien Album mat Musek vum Philippus van Steelant erausbruecht huet.