Panorama
Panorama
11 min
1. No der Dronenattack op déi russesch Schwaarzmierflott de Mueren op der Krim zitt Russland sech aus dem Accord iwwer ukrainesch Kärenexporter zeréck
2. D'FGFC gëtt der CGFP Réckendeckung, nodeems den OGBL gëschter gefuerdert huet, fir bei de Verhandlungen iwwer en neit Gehälterofkommes beim Staat derbäi ze sinn
3. Am Südweste vu Frankräich protestéieren dausende Leit géint de Bau vun engem risege Waasserbaseng, iwwer deen d'Baueren am Summer solle kënnen hir Felder nätzen
4. Am Mëttelmier waarde Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen mat bal 1.000 Migranten u Bord drop, fir kënnen an engem italieeneschen Hafen unzeleeën. Déi nei riets Regierung hat annoncéiert, datt si dës Flüchtlingsarrivéeë wéilt ënnerbannen.