CD-Klassik
Charmant Fréiwierker
12 min
Haut kenne mir den Giacomo Meyerbeer als ee vun de Begrënner vum Grand Opéra a Frankräich. Géint der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet dës Form vun eepesche Bünewierker hir grouss Zäit am Hexagon. Vum Meyerbeer kommen ënner anerem "Robert le Diable" oder "L'Africaine". Mee och ee Giacomo Meyerbeer huet emol eng Kéier kleng ugefaangen, als héich talentéierte Komponist, deen am Ufank nach éischter klassesch, am Belcanto-Stil geschriwwen huet. Eng Partie vu fréien Ouverturen a Bünemuseken gëtt et an enger neier CD-Produktioun mam Orchester vu Pardubice.