Panorama
Panorama
11 min
1. An Europa wieren d'Temperaturen an de leschten 30 Joer méi wéi duebel esou séier geklomme wéi am globalen Duerchschnëtt. Dat mellt d'Welt-Wiederorganisatioun an engem neie Rapport
2. Den Oktober war hei am Land dëst Joer dee wäermste jee zanter Ufank vun den Opzeechnungen, esou Meteolux
3. Den ëmstriddene franséische Bedreiwer vun Altersheemer Orpea hätt ee provisoreschen Agrement fir eng Struktur zu Märel opzemaache kritt. Dat mellt RTL
4. D'Tuberkulos-Infektiounen huele weltwäit zou - zu Lëtzebuerg géing een den Ament awer keng Hausse verzeechnen, heescht et vun der Ligue medico-sociale
5. Den 49-Euro-Ticket pro Mount fir den ëffentlechen Transport an Däitschland gëtt Realitéit: Bund a Länner wiere sech no laangem Sträit iwwer d'Finanzéierungsfroen eens ginn