Panorama
Panorama
11 min
1. Lëtzebuerg wäert sech am Fall vun der Ausliwwerung vum Frank Schneider duerch Frankräich un d'USA net amëschen, betount de Premier Xavier Bettel
2. D'EU huet gréng Luucht gi fir en neien Traitement vun der Bronchiolite, déi virun allem Puppelcher a kleng Kanner betrëfft
3. Russland an d'Tierkei wëllen zesumme gratis Kären a bedierfteg afrikanesch Länner liwweren
4. D'Positioune vun de Wëssenschaftler leie virun der Weltklimakonferenz no beieneen, seet den Andrew Ferrone, deen d'Lëtzebuerger Regierung vun e Sonndeg un als Klimafuerscher op der COP an Ägypte wäert vertrieden
5. Den Office national de l'enfance soll mat der Reform vum Jugendschutz méi Aufgaben zougedeelt kréien. Den ONE begréisst déi geplangten Ännerungen