Klassik aktuell
Um Ufank war eng Klack
Al an Nei trëfft dëse Freideg op ganz ënnerschiddlech Aart a Weisen zu Stolzebuerg openeen. Am Mëttelpunkt vum Concert Odo Sonoritas stinn zwee Stiler, déi ronn 1.000 Joer ausernee leien: d'Gregorianik an déi zäitgenëssesch Musek. Doriwwer eraus geet bei dëser Editioun och ëm eng fuschnei Klack, déi no enger mëttelalterlecher Technik gegoss gouf.
De Luc Boentges huet mam Christophe Unkelhäusser, dem Directeur Artistique vum Concert iwwer dës 9. Editioun vum Odo Sonoritas geschwat.