CD-Klassik
Dem Gustav Mahler säi Virbild
16 min
26 Joer hat den Hans Rott, wéi en 1884 gestuerwen ass - e Komponist, deem eng grouss Zukunft versprach gouf. Säi Léiermeeschter Anton Bruckner huet grouss Stécker op e gehalen. De Gustav Mahler, säi Matschüler am Conservatoire zu Wien, huet de Rott als den Erneierer vun der Symphonie gefeiert. An dësen Erneierer a seng Musek sinn no Joren am Vergiess nees reegelméisseg op Concertsaffichen an Disken ze fannen. D'Solistes Européens Luxembourg an de Christoph König hu virun enger Rei Joren dem Hans Rott seng éischt Symphonie gespillt an opgeholl. Elo hunn d'Bamberger Symphoniker an hire Chefdirigent Jakub Hrusa d'Wierk och op Disk erausbruecht.