CD-Klassik
Japanesch Pauken a feierlech Musek aus Tschechien
9 min
Dacks gesäit een interessant Mixe vu Musek op engem selwechten CD. Tschechesch a japanesch Musek zesummen héiert ee warscheinlech manner. De Pilsen Philharmonic Orchestra huet elo ënner der Baguette vu sengem Chefdirigent, dem Chuhei Iwasaki, en Album mat Musek vum Akira Ifukube a vum Leoš Janáček opgeholl. Esou gëtt et hei ee japaneschen Dirigent, ee japanesche Komponist, een tschecheschen Orchester an een tschechesche Komponist. Et ass eng perfekt Mëschung, déi den Orchester voller Elan interpretéiert. D'Marie Schockmel huet an dësen neien Album gelauschtert.