CD-Klassik
Lost in Venice
11 min
Zu Venedeg geet bei deene Millioune vun Touriste sécher vill verluer. Mee och historesch gesinn ass villes vum Patrimoine vun der Lagunestad verluer - fir net ze soen ënnergaangen. Et ass ëmsou méi flott, wann och Saachen erëmfonnt, nei entdeckt ginn - an dat ass de Fall fir e gudden Deel vum Programm, deen den Ensemble Infermi d'Amore op sengem neien Disk proposéiert: Wierker vun Antonio Vivaldi, Francesco Veracini a Benedetto Marcello.