CD-Klassik
Vu Bach bis Bar
13 min
Dem Johann Sebastian Bach seng "Brandenburgische Konzerte" liewe vun der Ofwiesslung. Verschidde Solo-Instrumenter ginn engem gréisseren Tutti-Ensembel géintiwwergestallt, déi zesummen eng Zort Danz mat ganz ënnerschiddleche Klangfaarwen absolvéieren.
Dëse scho bal essentiellen Aspekt feelt am Ensembel Guitarra a Seis senger Versioun komplett. Trotzdeem huet dës Transkriptioun eng Daseinsberechtegung, mengt de Luc Boentges. Hien huet an den Album vum Ensembel mat ganz verschiddene Wierker an Arrangementer fir sechs Gittaren eragelauschtert.