CD-Klassik
Lieder aus der Spéitromantik
15 min
"Nicht wiedersehen" aus dem Gustav Mahler senge "Lieder und Gesänge" gëtt den Titel vun dësem Album mat spéitromatesche Lied-Kompositioune vun de Protagoniste Richard Strauss a Gustav Mahler an och dem fréi verstuerwenen Hans Rott. D'Lied erlieft hei nach emol een Héichpunkt an deem Aspekt ginn de Bass Günther Groissböck a säi Partner um Piano, de Malcolm Martineau, méi wéi gerecht. Vläicht bleift et um Enn beim "nicht wiedersehen", awer "wiederhören" sollt een dësen Disque definitiv.