CD-Klassik
E vun de grousse Flüttisten am Ufank vum 20. Joerhonnert
10 min
Taffanel-Gaubert - dat war déi grouss Methode fir Flütt, déi iwwer Joerzéngte Standard am Enseignement war. Auteure waren de Paul Taffanel an de Philippe Gaubert, zwee bedeitend franséisch Flüttisten am Ufank vum 20. Joerhonnert. De Philippe Gaubert war e Schüler vum Paul Taffanel a gëtt spéider selwer och Professer um Conservatoire de Paris, wou ënner anerem de Gabriel Fauré e vu senge Kompositiounsschüler war. Nieft enger Partie symphonesch Wierker huet de Gaubert vrun allem Kammermusek fir d'Flütt geschriwwen. D'Nolwenn Bargin huet elo eng Rëtsch vun dëse Wierker opgeholl.