Das musikalische Pompeji
Bach by Stokowski
1905 geet de Leopold Stokowski als Organist un d'Kierch vu Saint Bartholomew op New York. An do stellt e grouss Vokalproduktiounen op d'Been - ënner anerem d'Mass a si mineur vum Bach. D'Zäit als Organist war eng wichteg Léierzäit fir de Museker. Op sengem Instrument konnt en iwwer d'Improvisatioune kompositoresch experimentéieren, konnt sech ganz dem Rausch vun de Klangfaarwen higinn - eppes, wat de Leopold Stokowski säi Liewe laang faszinéiert huet, wat fir hie ganz einfach d'Musek um Liewen hält. "D'Musek ass fir d'alleréischt Klang, an de Klang produzéiert Emotiounen", sot de Maestro eemol. Iwwer d'Uergel ass en awer och vrun allem nach méi déif an d'Welt vum J. S. Bach agedrongen, deem seng Musek e vun Ufank u gepaakt hat an déi hie mat senge Mëttelen an no senge Klangvirstellungen an een neit Liicht gesat huet.