arrow_back_ios
CD-Klassik
"Eine Komposition für unser Eretz Israel Orchester"
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Wéi de Paul Ben-Haim 1933 aus Nazi-Däitschland fortgaangen ass a sech a Palestina een neit Liewen opbaut, ännert en och säi musikalesche Stil. De Komponist gëtt sech bewosst, datt en net méi, wéi bis elo, an engem Stil schreiwe kann, deen aus der däitscher Romantik kënnt. De Paul Ben-Haim fënnt eng nei Sprooch, ugepasst u säin neit Liewensëmfeld. Een Ausdrock dervun ass seng éischt Symphonie, déi de Lahav Shani elo mam Israel Philharmonic Orchestra opgeholl huet.