arrow_back_ios
CD-Klassik
Musek als Zeeche vun der Hoffnung
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
Als Carmen bei de Bregenzer Festspiller an de Joren 2017 an 2018 war déi ukrainesch Mezzosopranistin Lena Belkina fir déi éischte Kéier net an hirem eigentleche Belcanto-Fach ze erliewen. An deem Repertoire hat si wichteg Rollen an der Oper zu Leipzig an als Member vum Ensembel vun der Wiener Staatsoper. Am Ablack ass d'Musek fir d'Sängerin, déi zu Kiew studéiert huet, allerdéngs méi wéi just Konscht - si ass en Zeeche vun Hoffnung an Zäite vu Krich a Misär.