arrow_back_ios
Das musikalische Pompeji
Musique pour faire plaisir
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Musek soll nees Freed maachen - dat war de roude Fuedem fir vill jonk Komponisten am Ufank vum 20. Joerhonnert. An duerfir huet d'Barockmusek déi bescht Virlage geliwwert: keng iwwerlaang an iwwerdimensionéiert Wierker, keng egozentresch Virtuosen, kee feierleche Concertszeremoniell. Concerto grosso, Suite an aner Modeller vun aler Musek hu gewisen, datt ee mat wéineg Mëttele séier op de Punkt kënnt, flott Effekter kreéiert an dem Public virun allem Pleséier mécht.