CD-Klassik
Een Duo voller Energie
10 min
Hie war ee vun den erfollegräichste Komponisten aus dem 20.Joerhonnert - een, dee fir all Gattunge geschriwwen huet. Och als Schüler vum Josef Suk an als Geiist vun der Tschechescher Philharmonie huet hie sech deemools ee groussen Numm gemaach. Rieds geet vum Bohuslav Martinů. Op hirem neien CD interpretéieren den Cellist Johannes Moser an de Pianist Andrei Korobeinikov dräi Sonate vum tschechesche Komponist. Beim Lauschtere freet ee sech hei dacks, wéi déi zwee et fäerdegbréngen, mat esou enger grousser Energie a voller Emotiounen ze spillen. D'Marie Schockmel huet an den Album gelauschtert.