"Dvorak, Dvorak" - de Public zu New York war aus dem Haischen nom leschte Pianissimo vum Antonin Dvorak senger neier, senger 9. Symphonie. D'Symphonie ass haut e Welthit vun der Klassik an net nëmmen dat: Den Neil Armstrong hat eng Opnam a sengem Gepäck, wéi hien am August 1969 mat der Apollo 11 op de Mound geflunn ass. D'Uropféierung vun der Symphonie "Aus der Neuen Welt" war de 16. Dezember 1893.
Amerika oder Béimen
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow