Klassik aktuell
De bloe Fuedem
9 min
Indigo ass een déifbloe Faarfstoff, deen zanter der Antikitéit gebraucht gëtt, fir Stoffer anzefierwen an dorausser ganz besonnesch wäertvoll Gewänner ze maachen. Mat der syntheetescher Produktioun gouf dës besonnesch blo Faarf virun allem duerch d'Jeans-Boxe richteg populär. Den Trompettist Georges Soyka huet sech Indigo als bloe Fuedem fir säin neien Album erausgesicht - Kammermusek gréisstendeels aus dem 20. an 21. Joerhonnert.