Panorama
Panorama
9 min
1. Lëtzebuerg gëtt keng Republik. Gëschter huet sech eng Majoritéit vun Deputéierte géint en entspriechende Virschlag zur Verfassungsreform vun déi Lenk ausgeschwat
2. Am franséische Blois gouf e Polizist suspendéiert, hien hat d'Plainte vun enger Fra net eescht geholl, déi vun hirem Ex-Frënd bedreet gouf. D'Fra gouf kuerz drop vum Mann attackéiert a liewensgeféierlech blesséiert
3. Den Elon Musk hält säi Verspriechen an trëtt als Chef vun Twitter zeréck, an enger Online Ëmfro hat sech eng Majoritéit dofir ausgeschwat. De Musk wäert als Proprietär awer weiderhi groussen Afloss op d'Plattform behalen
4. Fir d'éischte Kéier zanter dem Optakt vum Krich verléisst den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj säi Land, hie gëtt haut fir eng Visitt zu Washington erwaart
5. Weider Néierlag fir dee fréieren amerikanesche President Donald Trump. Déi zoustänneg Kommissioun am Kongress huet gëschter decidéiert, datt den Trump seng Steiererklärung misst verëffentlechen. Dee fréiere President hat dat jorelaang probéiert ze verhënneren
6. Gréng Luucht vun der EU-Kommissioun fir däitsch Finanzhëllefe fir de Gaskonzern Uniper, dee soll mat enger Milliardenhëllef virun der Faillite gerett ginn
7. Schaarf Kritik vum UN-Generalsekretär António Guterres un der Decisioun vun den afghaneschen Taliban fir Fraen den Accès zu Universitéitsstudien ze verbidden. Et wier eng katastrophal Decisioun fir d'Zukunft vum Land