CD-Klassik
Musek fir d'Festdeeg
13 min
De Begrëff Carol kënnt aus dem ale Franséische "Carole", deen en Danz beschreift. Haut versteet een dorënner ee festlecht Lidd, dat awer nach ëmmer ee liichten, dänzeresche Charakter huet. Antëschent gëtt et een enorme Repertoire u flotte Chouersätz mat Christmas Carols - Klassiker, déi reegelméisseg ze héiere sinn, awer och ëmmer nees nei Arrangementer. The Edison Singers proposéieren op hirem neien Album "The First Nowell" ee flotten Abléck an dëse Repertoire.