Das musikalische Pompeji
E Meeschterwierk, dat nach ëmmer net ganz entschlësselt ass
9 min
Nieft senger Aarbecht an der Schoul a senge Verflichtungen als Organist zu Leipzig, war et och eng vum Johann Sebastian Bach sengen Aufgaben, fir all Sonndeg eng Kantat ze schreiwen. An de Leipziger Jore sinn esou ëm déi 300 Kantaten zesummekomm. Kantate vum Bach ware sengerzäit net primär ee Konschtgenoss, d'Mënschen, déi se zu Leipzig héieren hunn, hunn d'Musek net streng no ästheetesche Krittär beurteelt - si hunn d'Musek materlieft, ware mat an der Handlung vun deem, wat erzielt gouf. Wann also um Joreswiessel vu 1734 op 1735 an de Leipziger Kierchen nei Kompositioune vum Thomaskantor ze héiere waren, da war dat näischt Weltbeweegendes, mee gewëssermoosse reliéisen Alldag. Aus der Perspektiv vun haut, huet d'Première vum "Weihnachtsoratorium" natierlech eng ganz aner Bedeitung.