CD-Klassik
Eng spannend Erzielung
10 min
"Erst als ich zur Hälfte in meiner Komposition vorgerückt war, merkte ich, daß sie geraten wäre" - de Joseph Haydn war net vun Ufank un iwwerzeegt vu sengem neie Wierk. A wat géif de Komponist haut soen - déck 230 Joer no der Uropféierung. Den Oratorium "Die Schöpfung" huet näischt vu senger Popularitéit, vu senger Ausstralung an och vu senger Aktualitéit verluer. Wann et am Text ëm ideal Zoustänn op der Welt geet, ëm d'Schéinheet vun der Natur, ëm Humanismus - da passt den Oratorium effektiv ganz gutt an eis Zäit. Den Hans-Christoph Rademann an d'Gächinger Cantorey hunn den Oratorium nei opgeholl.