Klassik aktuell
Liszt+
8 min
No de Komponiste Chopin, Debussy a Scriabin, steet bei der véierter Editioun vum Centre des Arts Pluriels sengem Pianosfestival de Franz Liszt am Mëttelpunkt. Zesumme mam Co-Curateur, dem Organist a Pianist Maurice Clement, huet de CAPE e Programm mat néng nationalen an internationale Pianistinnen a Pianisten zesummegestallt. Niewent der bekannter Si-Mineur-Sonat steet och dem Komponist seng Dante-Sinfonie an engem Arrangement fir zwee Pianoen op der Affiche.
De Luc Boentges huet mam Maurice Clement iwwer de Franz Liszt an de Programm vum Festival tëschent dem 26. an dem 29. Januar geschwat.