Panorama
Panorama
13 min
1. Et wier e Lëtzebuerger Resident mat iraneschen Originnen am Iran zum Doud verurteelt ginn, den Ausseminister huet haut mat sengem iraneschen Homolog telefonéiert
2. Mann bei Renovéierungsaarbechten zu Äische schwéier blesséiert
3. D'Verfassungsreform ass duerch an trëtt sechs Méint no der Publikatioun a Kraaft
4. Chamber: de Mindestloun gouf ëm 3,2 Prozent eropgesat
5. D'Immobiliepräisser sinn dëst Joer manner séier geklommen, esou den Observatoire de l'habitat
6. CHL a Bedreiwer vum IRM um Potaschbierg hunn eng Konventioun ënnerschriwwen, sot d'Gesondheetsministesch op RTL
7. Bilan Santé: d'lescht Woch si fënnef Persounen an Zesummenhang mat Covid-19 gestuerwen
8. D'Bauerenallianz begréisst d'Vereinfachungen am Naturschutzgesetz
9. Zwee Membere vum CGDIS huelen un enger humanitärer Missioun an der Demokratescher Republik Kongo deel
10. No senger Visitt zu Washington ass den ukrainesche President nees zeréck a senger Heemecht
11. Bei der franséischer Eisebunn kënnege sech zwee grouss Streiken iwwer d'Feierdeeg un
12. An der afghanescher Haaptstad Kabul protestéiere Frae géint den Uni-Verbuet vun der Taliban-Regierung