Das musikalische Pompeji
Vu Chrëschtdag bis Dräikinneksdag
Fir Hellegerowend a Chrëschtdag héiert ee reegelméisseg dem J.S. Bach säi Weihnachtsoratorium. Dobäi gëtt allerdéngs dacks just déi éischt Kantat gesongen, déi vun der Gebuert an der Krëpp verzielt. De Bach huet an dësem Oratorium awer sechs Kantaten zesummegefaasst, déi iwwer déi ganz Chrëschtzäit gesonge ginn - bis Dräikinneksdag mat der Kantat "Herr, wenn die stolzen Feinde schnauben".