CD-Klassik
Polnesch Romantik
12 min
Déi polnesch Musek am 19. Joerhonnert gëtt därmoosse staark vum Frédéric Chopin dominéiert - och wann dee Warschau schonn 1830 verlooss huet - datt eng ganz Generatioun vun Zäitgenossen a Successeure kaum eng Chance huet an de Fokus ze réckelen. Eng Ausnam ass vläicht nach de Stanislaw Moniuszko, dee mat senger Oper "Halka" Jalone gesat huet. Bei den Nimm Franciszek Mirecki a Jozef Wieniawski muss een allerdéngs schonn e Lexikon zu Hand huelen. Elo huet den Arthur Rubinstein Philharmonic Orchestra Symphonië vu béide Komponisten opgeholl.