CD-Klassik
D'Haaptstad vun der Harf
14 min
Erard oder Pleyel? Zu Paräis gouf am 19. Joerhonnert äifreg diskutéiert, wéi eng Harf déi bescht wier. Dat huet mat sech bruecht, datt déi franséisch Haaptstad och d'Haaptstad vun der Harf war mat den zwee grousse Konkurrente Sébastien Erard a Gustave Lyon, de Chef vum Pianoshaus Pleyel. D'Margit-Anna Süss huet aus dëser Konkurrenzsituatioun e Programm fir hiren neien Album "La harpe à Paris" zesummegestallt.