Panorama
Panorama
11 min
1. De Wladimir Putin huet eng Waffepaus vu 36 Stonnen am Krich an der Ukrain annoncéiert fir dat orthodoxt Chrëschtdag. Dat wier "Hypokrisie" a "Propaganda", seet d'Ukrain, déi d'Waffepaus domat ofleent
2. Réckgang bei de Covid- a Grippen-Infektiounen zu Lëtzebuerg: D'lescht Woch wiere 65 Prozent manner Grippen-Infektioune wéi d'Woch virdru gemellt ginn, esou d'Santé. Op de Pic vun der Gripp iwwerstane wier, kéint een awer nach net soen
3. Weider Länner decidéiere Covid-Kontrolle fir Leit, déi aus China an d'EU reesen: Och Däitschland, Éisträich, d'Belsch a Schweden hunn annoncéiert, Leit, déi aus China areesen, missten a China en negativen Test virweisen, éier si an de Fliger klammen
4. Neien Ulaf am amerikanesche Representantenhaus: Do gëtt den Owend nach emol probéiert, ee Speaker, oder President, ze wielen