arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng fantastesch musikalesch Billersprooch
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
1926 schreift de Jean Sibelius eng Bünemusek fir d'Shakespeare-Stéck "The Tempest". Et ass dem Sibelius seng lescht grouss Kompositioun. Déi lescht 32 Joer vu sengem Liewe schreift de Sibelius keng Nout méi. Vun "The Tempest" huet de Komponist zwou Orchestersuitten zesummegestallt, déi méi handlech si fir de Concertsbetrib. Déi integral Bünemusek héiert een éischter seelen. Elo huet den Okko Kamu mam Royal Danish Orchestra déi ganz Bünemusek opgeholl.